Ech sinn d'Steffi – säit iwwer 18 Joer Fotografin a mat ganzem Häerz dobäi.
Vill Leit kenne mech vum Fotostudio Creativ Eechternoach. Hei hunn ech d'Fotografie vu Grond op geléiert a meng Meeschterkaart gemaach. Eng wonnerbar Zäit fir déi ech dankbar sinn – besonnesch menger Mentorin Margret Friedrich, dat en enormen Afloss op mech hat.
Haut begleeden ech Mënschen a Firme mat menger Kamera a ville Beräicher: vu Portraiten iwwer Architektur a Gastronomie bis hin zu Reportagen a Hochzäiten.
Reell Momenter, kloer Linnen, schéint Liicht – a Fotoen, déi net gestallt ausgesinn, mee einfach "passen" - dat ass dat, wat mir Spaass mécht.
Éierlech, zäitlos a mat Gefill.

